Verstoen

WeltbildDe Wëssenschaftleche Guide

iwwert d’Skepsis zum Globale Klimawandel

Klimawandel, wat seet d’Wëssenschaft?

An Diskussiounen héiert een emmer erem Argumenter, déi de Klimawandel a Fro stellen. Ouni lo wëllen an den Détail vun all den Argumenter anzegoen, stellt sech eng grondsätzlech Fro: Kann ech deem gleewe, wat mer verzielt gëtt, egal vu wat fir enger Säit?

Eng Äntwert dorobber ze fannen,  ass beileiwe net esou einfach, besonnesch well et jo och Fachleit gëtt déi de Klimawandel an Zweifel zéien. Skepsis ass an deem Fall gären eng Mauer, mat däer een sech emgëtt, well een Angscht huet enger falscher Iddi op de Läim ze goen. Dat sollt et ower net sinn.

Déi Fro huet sech och den John Cook gestallt. Seng Entwert ass eng Websäit, www.skepticalscience.com

Hien huet domadder ugefangen, d’Argumenter vun de Skeptiker ze analyséieren, andeems en se mat de Wëssenschaftlechen an iwerpréiften Aarbechten zum Thema Klimawandel verglach huet. Esou huet sech an der Tëschenzäit eng beträchtlech Mass un Informatiounen ugesammelt, déi geziilt mat beluegten Informatiounen aus der Wëssenschaft d’Argumenter vun de Klimaskeptiker widderleet an domadder hëlleft zum Verständnis vum Klimawandel beizedroen. Den John Cook gouf fir dës Aarbecht mam Eureka Prize 2011 ausgezeechent.

Dës Diskussiounen sinn net ëmmer einfach ze verstoen. Aus deem Grond huet en, an Zesummenaarbecht mat Wëssenschaftler, en allgemengt a verständlecht Dokument verfaasst:

“The Scientific Guide to Global Warming Skepticism”

Dëse Guide erkläert op eng allgemeng verständlech Aart a Weis, wat alles zum Klimawandel féiert a wat fir eng Äntwerten d’ Wëssenschaft op d’ Argumenter vun de Klimaskeptiker huet. An der Tëschenzäit gouf dëst Dokument a vill aner Sproochen iwwersat: ënner anerem op Franséisch, Däitsch, Portugisesch an Italienesch.

Fir dat Versteesdemech och hei am Land ze ënnerstëtzen, hunn ech et op Lëtzebuergesch iwwersat an ech wëll Iech et heimadder virstellen.

Guide_Skepticism_Luxembourgish

Guide_to_Skepticism (eng)

Guide_Skepticism_French

Guide_Skepticism_German

weider Informatiounen op www.skepticalscience.com (dest ass keng Skeptikersäit!)